Preislescht
Hei hud Dir eng kleng Iwersiicht wat ongefeier finanziell op Iech duer kennt
fir Ären Flipper rem an Reih ze machen.
Wat kennt sou op Iech duer?
Aarbechtsston: 75€ ttc
Déplacement: 50€ ttc
Devis: 75€ (gratis bei Optrag!)
Revisioun: ab 800€*
Flippertransport: ob Nofro**
Bei greisseren Aarbechten schaffen ech just mat Devis, dann sin beid Seiten ofgesechert!
*Revisioun gett just mat Devis gemach!
**Dir plennert? Ech kann mech gären em d'plenneren vun Ären Automaten bekemmeren. Heifir einfach nofroen, och gär mat Devis.
Devis: 75€
Virun all Projet vun Ärem Automat, sief dat eng Opfreschung oder komplett Restauratioun, gett en Devis gemach. Sou hud Dir henno keng beiss Iwerraschung wann d'Rechnung kennt.
Den Devis gett detaileiert opgestallt, sou hudd Dir zB Meiglechkeet e Posten ze streichen.
Den Devis as Gratis wann ech den Optrag kreien fir d‘Aarbecht ze machen. Anerefalls gett en mat 75€ verrechend.
Platinen: 75€ - 150€
Eng Platinenreparatur kann je no Zoustand vun der Platine mol gären 4 Stonen an mei brauchen. Och gin et mol Baudeeler dei just nach ganz schweier ze kreien sin an dodurch dann och relativ deier sin. Sollt ech gesin dass eng Reparatur keen Senn mei mecht oder einfach vill ze deier geiw gin, dann sichen ech no enger Alternativ.
Virun enger Reparatur gett en Devis gemach.
Opfreschung: ab 850€
Wat as eng Opfreschung? Äere Flipper huet gutt an gär schon minimum 25 Joer um Bockel, meeschtens as dei läscht Joeren nie eng Revisioun drun gemach gin. Hei as et awer wei bei engem Auto, vun Zeit zu Zeit muss een dono kucken an Verschleissdeeler ersätzen. Gummien dreschenen aus an reissen, Bierecher brennen durch, Mechaniken vun de Fanger schloen aus, ganz oft gin d'Batterien vergiess an dei laafen aus an zersteieren d'Platinen,...
Eng Opfreschung enthält folgendes:
-Spillfeld ofbauen an botzen
-Nei Gummien
-Nei plastiks Poteauen
-Nei Bull(en)
-Nei Bieren (LEDen)
-Mechaniken ersätzen
-Platinen iwerhuelen
-Gehais botzen
Als meiglech Optiounen gett et nach:
-Software Update (20€)
-Op LED embauen (vun 150€ bis 200€)
-Spillfeld poleieren (250€)
-Nei Been + Feiss + Schrauwen (180€)
-Nei CPU Platine (vun 180€ bis 250€)
-LED Display (vun 200€ bis 600€)
-Soundsystem (vun 700€ bis 950€)
-Spiggelblecher (110 bis 150€)
asw asw
All Optioun gett eenzel am Virfeld beschwat an as detaileiert am Devis opgefouert. Sou kann op Wonsch och en Posten gestrach oder beigesat gin!
Restauratioun vum Gehais: ab 1300€
Bei enger Restauratioun gett dei aal Faarw oder Sticker komplett ofgeschlaff, all Teitschen, deiw Schreibsen an onneideg Lächer gin zougespachtelt, Kanten gin nei opgebaut, an dann kommen nei Stickeren op Kescht/Gehais. Dest as eng zeitintensiv Aarbecht well de komplette Flipper muss zerluecht gin an och muss absolut proper gespachtelt an geschlaff gin fir dass den Ennergrond perfekt glad as.
Dann gin och sämtlech Schrauwen dei een geseit lackeiert an och d'Keessendier gett opgefrescht. 30 bis 40 Stonnen gin hei seier mol drop!
Virun der Restauratioun gett en detaileierten Devis opgesaat.