Ze Verkaafen
Hei fannt Dir alles wat ech momentan ubidde kann.
Net dat richtegt dobäi? Dann frot mech roueg, zesumme fanne mer et.
Avengers Premium
Flipper Avengers vun der Firma Stern, aus dem Joer 2013.
Et as de Premium Model, deen hat e puer Spillereien mei wei den klengen Pro Model.
Flotte Flipper mat ville Spillereien, zB den Hulk deen sech beweegt a probeiert Bull eweg ze boxen, eng Ramp dei sech hierwt, e Spinner a Form vun engem Würfel deen sech dreint wann een en trefft, verschidde Multibäll,..
De Flipper as aus eischter Hand, stenkt net no Zigaretten, huet keng Schreibs, keng Teitsch, en as an engem perfekten Zoustand. Spillfeld ouni Beschiedegung, sou wei och d'Gehais!
En krut en faarwegen Display, huet LEDen, kritt nach nei Gummien an gett komplett gebotzt.
Op Wonsch gett et nach:
-Spiggelblecher (130€)
-Art Blades Sticker (100€)
-Shaker (180€)
-entspiggelt Scheiw (200€)
Liwerung a 6 Meint Garantie.
Preis: 6800€
Hurricane
Flipper Hurricane vun der Firma Williams, aus dem Joer 1991.
Spassege Flipper fir Kleng a Grouss.
Et as den drette Flipper aus enger Serie vun drei Modeller, mam Thema Freizeitpark.
Ugefang huet et 1985 mam Comet, 1988 koum de Cyclone, an dunn 1991 den Hurricane.
En krut e neien Display, huet LEDen, nei Gummien, nei Poteauen, Bullen, asw
Platinen goufen och iwerholl.
Op Wonsch gett et nach:
-Spiggelblecher (130€)
-Art Blades Sticker (100€)
-entspiggelt Scheiw (200€)
Liwerung a 6 Meint Garantie.
Preis: 4800€
Promo / Stock
Kings Darts
Neien Dartautomat vun der Marque Kings Darts.
Et as e professionellen Automat, huet eng besser Scheiw an mei Spiller wei e Löwen zB.
Mat Menzpreifer, Schlesselschalter fir Crediter, LED Beliichtung, ...
Alles dobei waat een sou brauch.
De bloen Zuelenkranz as och beliicht, dest hierft en bessen vum Standart oof.
Desen Automat as ob Stock an direkt liwerbar.
Liwerung a 24 Meint Garantie.
Preis: 2345€
Kicker
Wei wir et mat Fussball Doheem?
En fonkelneien, professionellen Kicker vun Garlando.
Pro Champion ITSF.
ITSF zougelooss.
Greisst:
143cm lang
125cm breed (dei längsten Stang)
89-91cm heig
Em 76 Kilo schweier.
Direkt verfügbar!
Liwerung, Garantie an Opbau sin am Preis mat dran.
Preis: 1050€
Popcorn
Popcornautomat mat Menzpreifer.
Greisst vun de Portiounen an Preis sin astellbar.
Geet mat warmer Loft.
Am beschten geeegend fir Salz oder Naturpopcorn.
Preis: 350€
Cyberdine Quattro
Neien Dartautomat vun der Marque Cyberdine, mat der Spilloptioun Quattro.
Et as e professionellen Automat, gett zB an eiser Federatioun benotzt.
Mat Menzpreifer, Schlesselschalter fir Crediter, LED Beliichtung, ...
Alles dobei waat een sou brauch.
Zuelen am Kranz sin och beliicht, sou geseit een besser waat een treffen muss.
Op Bestellung ze kreien (+-2 Wochen).
Liwerung a 24 Meint Garantie.
Preis: 2700€
Kings Darts
Neien Dartautomat vun der Marque Kings Darts.
Et as e professionellen Automat, huet eng besser Scheiw an mei Spiller wei e Löwen zB.
Mat Menzpreifer, Schlesselschalter fir Crediter, LED Beliichtung, ...
Alles dobei waat een sou brauch.
De bloen Zuelenkranz as och beliicht, dest hierft en bessen vum Standart oof.
Desen Automat as ob Bestellung ze kreien, gett dann nei bestallt. Liwerzeit +-14 Deeg.
Liwerung a 24 Meint Garantie.
Preis: 2700€
Hot Tip
Flipper Hot Tip vun der Firma Williams, aus dem Joer 1977.
Dest as e Flipper deen ugangs als mechanesche Flipper gebaut gouw, am laaf vun der Produktioun dun awer op elktronesch geännert gouw.
Dofir huet desen keng Soundkaart, mee nach e Glackespill wei sein Virgänger.
E flotte Flipper fir eng Partie zweschenduerch. Zoustand vum Gehais a vum Spillfeld och ganz gutt.
Platinen gin nach iwerholl, an de Rescht kritt och nach eng Revisioun.
Liwerung a 6 Meint Garantie.
Preis: 1900€
Johnny Mnemonic
Flipper Johnny Mnemonic vu Williams, aus dem Joer 1995.
Ugeluecht un de Film, den net wirklech gutt war, huet Williams dese geniale Flipper op de Maart bruecht.
En huet eng Atmosphaire dei een rischteg unzidd, eng Soundkulisse dei engem net no 10 Minuten schon op Nerven geht, e schnellt Spill, e speziellen Lock fir de Multiball deen een mat enger mechanescher Hand muss platzeieren,...
Den Johnny kritt nach eng komplett Revisioun gemach, kritt LEDen, nei Gummien, Bullen, Platinen gin iwerholl,..
Op Wonsch gett et nach:
-Spiggelblecher (130€)
-Art Blades Sticker (100€)
-Faarwegen Display (330€)
-Pinsound System (ab 500€)
-entspiggelt Scheiw (200€)
Liwerung a 6 Meint Garantie.
Preis: 5450€
Pusher
Münzschieber Le Top.
Hei spillt een mat € Menz an et kann een Ticket's gewannen.
De Wert vun den Ticket's kann een astellen (weivill Tix pro Menz).
En hellt alles ab 20 Cent un.
Liwerung inklu.
Preis: 700€
Arcade
Multiarcade mat 6010 Spiller!
Mat der neitster Pandora Box dran.
Neie Bildschirm, nei Knäppercher, neit Netzdeel,..
Liwerung a 6 Meint Garantie.
Preis: 800€
Kondomautomat
Neien, onbenotzten Kondomautomat aus den 80er.
Schlesselen sin dobei.
Et kann een eidel Schachtelen bestellen an des dann fellen mat waat een well. Oder et mecht een rem daat dran waat dran geheiert..
Preis: 230€
Kran
Vintage Kran aus den 50/60er.
Gebaut gouf en an Italien.
Hei muss een als eischt d'Rischtung wielen, dann geheit een eng Menz an an dann mecht de Kran de recht.
Gett iwer Seelzuch bedriwen.
Soueen fennt een net all Dag ;)
Liwerung inklu.
Preis: 750€
NSM Prestige
Jukebox vun NSM, Model Prestige 160 aus dem Joer 1969/1970.
Des Musikbox huet Platz fir 160 Titel (=80 Singles).
Mechanik as komplett iwerholl, Verstierker an Kontrollbox goufen fresch gemach.
Se leeft super an huet e scheinen vollen Klang.
Et sin momentan keng Plaquen dran, mee do keint ech bei Bedarf hellefen.
Greisst: 100cm breed, 125cm heig, 63cm deiw. +-146 Kilo.
Liwerung a 3 Meint Garantie inklu.