Flipperkeller

Wëllkomm am Flipperkeller

Hei dréint sech alles em Flipper an och aner Automaten, wei z.B.: Kicker, Arcade, Kran, Geldspiller, Dart, ...
Quasi alles wat blénkt, Kaméidi mécht an Spaass bereet. 

Wat kann ech bidden?

Ze bidden hunn ech:

Akaf, Verkaf, Entretien, Restauratioun an Locatioun*
(*wat grad op Stock ass)

Vun wat?

Flipper, Kicker, Dart, Penny Pusher, Arcade, Jukebox, divers Automaten, Kran,...

Hutt Dir een Automat deen hënnert oder futti ass? Sot mir Bescheed.
Gett et een Flipper oder sos en Automat aus Ärer Jugend, 
deen Iech emmer nach am Kapp
schwieft an Dir lo gär doheem hätt? Ech kann en opdreiwen!

All Flipper deen ech verkafen kritt eng Garantie, sou sidd Dir net geplot wann mol eppes drun ass.

Wou sin ech ze fannen?


Zu Bissen, an der Insustriezone dei un
de Rouscht grenzt.
20, ZAC Klengbusbierg 7795 Bissen.

Hei kennt Dir gären emol luusse kommen, eng Partie Flipper spillen, Epes aus engem Automat feschen, oder och einfach bessen quatschen kommen bei enger Taass Kaffi oder engem kaalen Gedrenks.

D‘Entrée as 5€ op de Kapp pro Stonn. Dofir sin all d‘Spiller gratis bespillbar.